STRATEGESCH IMMOBILIENBERODUNG

mat enger Vue vun 360° am Domaine vum Immobilier
Kontaktéiert eis

STRATEGESCH IMMOBILIENBERODUNG

mat enger Vue vun 360° am Domaine vum Immobilier
act360° as eng Societéit an der Immobilienberodung, déi Clienten am ëffentlechen, awer och am privaten Secteur an gemeinnëtzegen Associatiounen betreit.

D’Qualifikatioun an d’Experienz vun senger Équipe erlaabt et act360°, sech op Projeten ze spezialiséieren, dei komplex sin an eng héich qualifizéiert Interventioun, eng héich Mooss un Flexibilitéit an fundéiert Kenntnisser am Immobilienberäich erfuerdert.

Offréiert Servicer sin strategesch Berodung, Optimisatioun vun Prozesser, Projeten am Logement an seng Subventiounen, Étuden an Analysen an Projektmanagement.

EIS VISIOUN

De Respekt vis-à-vis vu sengem privaten an professionnellen Ëmfeld, Orientatioun um Client an de Projeten, d’Freed un der Aarbecht an di eegen héich Uspréch un Qualitéit sin d‘Grondwerter vun act360°.

act360° as virwëtzeg, innovativ, hannerfroend an opgeschloss.

act360° wëll sengen Clienten eng komplett Berodung mat enger grousser Plus-value gin. Seng Servicer sin personaliséiert, differenzéiert an gin un spezifesch Bedürfnisser vun all eenzel Client ugepasst. Dat get dem Client d‘Méiglechkeet, den aktuellen an zukünftegen Erausfuerderungen ze begéinen.

Als localen Acteur schafft act360° Hand an Hand mat sengen Clienten an Partner (Affekoten, Ingenieursbureauen, Fournisseurenp, …), fir den héichsten Usprech vum Client gerecht ze gin.

EIS SERVICER

Strategesch Berodung

  • Identifikatioun an Analyse vum Immobilienportfolio fir Gemengen an Investisseuren
  • Ausschaffen vun enger Visioun an enger Strategie fir Developpement vum Immobilienportfolio
  • Propos vun engem finanziellen an personnellen Ressourceplang
  • Ëmsetzung vun der gemeinsam developpéierten Politik am Immobilier

Optiméierung vun Prozesser

  • Analyse vun der Chaîne de valeur fir ëffentlech an privat Clienten
  • Optimierungsvirschléi vun interne Prozesser

Logement an seng Subventiounen

  • Strukturéieren an optimiséieren vun Projeten fir staatlech Subventiounen ze notzen
  • Opstellung an Suivi vun Dossieren fir staatlech Subventiounen
  • Koordinatioun mat den Administratiounen
  • Iwwerwaachen an Suivi vun Logementsprojeten

Étuden an Analysen

  • Étuden an Analysen vun Investitiounsprojeten
  • Études de faisabilité
  • Analysen vun enger Lokalitéit
  • Analysen vun Risiken
  • Analysen vun der Rentabilitéit

Projektmanagement

  • Strukturatioun vun engem Projet
  • Projektmanager fir de Bauhär oder Vertrieder
  • Organisatioun vum Projet
  • Elaboratioun an Iwwerwaachung vun Terminer an Finanzen
  • Suivi vum Projet
  • Begleedung an Ënnerstëtzung vun PAPen
  • Elaboratioun vun Verkaafsstrategien

Begleedung vun Immobilientransaktiounen

  • Analyse vum Objet fir eng potentiell Transaktioun
  • Neutral Négociatioun vun enger Transaktioun
  • Elaboratioun vun engem Dossier fir ze entscheeden

Partner

Eric Rosin

Partner

Den Eric ass eng technisch orientéierten Diplomkaafmann” an huet seng professionnell Carrière am Beräich vun der Leedung vun Chantieren ugefangen.

Hien huet seng Carrière am Projektmanagement fir Drees&Sommer an Däitschland an a Frankräich fort gesaat, an ass 2005 op Lëtzebuerg komm. Ab 2007 huet hien fir ArcelorMittal an der Positioun vum “Head of Property Transaction” geschafft. Ab 2010 war hien zousätzlech Direkter vun “ArcelorMittal Hochfeld Grundstückentwicklungs GmbH”.

2018 ass hien Direkter vum “Fonds du Logement” gin.

Den Eric as MRICS (Professional Member of the Royal Institution of Chartered Surveyors) an schwätzt däitsch, franséisch, englesch an lëtzebuergesch.

2019 huet hien mam Martin Schnögass act360° gegrënnt.

Martin Schnögass

Partner

De Martin as Diplomingenieur an der Architektur an huet an Éisterräich (TU Wien) an an Italien (Politecnico di Torino) studéiert. Am Ufank vun senger Carrière huet hien als Architekt fir “Heinz Neumann und Partner Architekten” an “Zaha Hadid Architects” geschafft.

Nodeems hien seng Étuden mat dem “visiting scholar” am “Real Estate Development” un der Columbia University zu New York, USA ofgeschloss huet, ass hien 2002 op Lëtzebuerg komm. Hien war Bureauleeder bei “Jean Petit Architectes” an ass dann an de Beräich vum Immobiliendeveloppement gaang.

De Martin huet fir eng Family Office geschafft an duerno als “Head of Real Estate Development” fir en Investmentfonds, ier hien 2017 “Head of Real Estate for Luxembourg and Germany” bei ArcelorMittal gin ass.

De Martin schwätzt däitsch, englesch, franséisch, italienesch an lëtzebuergesch.

2019 huet hien mam Eric Rosin act360° grënnt.

Büro

111, Langertengaass
L-3762 Tétange
Luxembourg

Telefon

+352 661 71 61 61

Juristesch Notiz

Dateschutz

Designed by TadAh!
Juristesch Notiz

Dateschutz

Designed by TadAh!